top of page
IMG_6857.jpg

De Krautgaart Geméiskuerf

saisonalt Geméis - ugebaut op liewegem Buedem - zu Stengefort a Käerch

Online Shop

Jongplanzen aus eegener Virzuucht 

Du wëlls selwer gärtneren? Da kanns du elo d'Summer Kulturen (Tomaten, Paprika, Kornischongen, etc.) an eisem Onlineshop virbestellen:

News, Rezepter & Geméiskierf am Iwwerbléck
Fir de gesamte Blog, klick hei.

En innovative Geméisbaubetrib säit 2015

De Krautgaart ass e solidareschen Geméisbaubetrib an de Gemengen Stengefort a Käerch. Dohannert steet eng divers Ekipp, déi zesummen eng grouss Villfalt u saisonalem Geméis ubaut.

 

Iwwert de Krautgaart Geméiskuerf versuergen mir all Woch 150 Stéit mat Geméis. Eis Memberen sinn begeeschtert vun der Frëscht an dem Goût vum Geméis souwéi vun der Villfalt déi iwwert d'Joer gebueden gëtt.

 

Mir setzen op e konsequent nohaltegen Ubau fir Mënsch an Natur. Dobäi verzichte mir op Pestiziden a chemesch-synthetesch Düngemëttel, a zillen eis Jongplanzen selwer. Gläichzäiteg bedreiwe mir en Ubau, bei dem de Buedem net gestéiert gëtt an seng Fauna sech voll entwéckelen kann. Als Resultat kënne mir eise Memberen eng eenzegaarteg Geméisqualitéit liwweren.

Krautgaart-07.jpg

Ekosozialer Impakt

Als regenerative, landwirtschaftlesche Betrib, produzéiere mir méi wéi just Liewensmëttel. Mir erhalen a stärke natierlech Kreesleef mam Zil, e Stéck Land deene nächste Generatiounen an engem besseren ekologeschen Zoustand ze hannerloossen, wéi mer et virfonnt hunn. Mir wëllen och den Zesummenhalt an der Gesellschaft op lokalem Niveau stärken an hoffen, dat änlech Inititiativen eisem Wee kënne folgen.

Wëlls du méi iwwer eisen ekosozialen Impakt wëssen a virun allem, wéi eng Krittäre mir eis gesat hunn?

bottom of page